Deen am Kader vum Krisenzoustand virgeschriwwene Confinement zwéngt d’Familljen an d’Koppelen aktuell zu engem permanenten, ongewinnten an oft schwieregen Zesummeliewen op enkem Raum. Doduerch klëmmt d’Gefor vu Konflikter a gewalttätegem Verhalen, genee wéi vun der Eskalatioun an der Widderhuelung vu Konflikter a vun haislecher Gewalt (an der Famill an an der Koppel). Rezent Etüden hu gewisen, datt de Confinement tatsächlech an de Famillen an an de Koppele Spannunge provozéiere kann, déi ënner Ëmstänn zu Gewalt féieren – sief et um psychologeschen, physeschen oder sexuelle Plang.
Gewalt, an all hire Facetten a Formen, gëtt net toleréiert, weder elo nach an Zukunft. Et ass deemno immens wichteg, datt esouwuel all d’Affer (Fra, Mann a Kand) wéi all d’Täter (Mann, Fra) wärend dëser Krisenzäit Zougang zu Hëllef an Ënnerstëtzung hunn.